Markenzeechen a Lizenzen
|
Bluetooth®-Drotlostechnologie
|
D’Wuertmark Bluetooth Wireless Technology an d'Logoe sinn Handelsmarke vu Bluetooth Wireless Technology SIG, Inc.
Navigatioun
ENDBENOTZEROFKOMMES
LIEST DËST ENDBENOTZEROFKOMMES ("EULA") SUERGFÄLTEG DUERCH, ÉIER DIR DEN NAVIGATIOUNSSYSTEM BENOTZT.
Dëst ass e Lizenzofkommes tëschent Iech a HYUNDAI MNSOFT, INC. a senge Partner ("ENTREPRISE") a Bezuch op eng Kopie vun der navigéierbarer Kaartendatebank zesumme mat der associéierter Software, Medien an erklärender gedréckter Dokumentatioun vun der Entreprise, déi vun der ENTREPRISE (zesummen d’"Produkt") verëffentlecht gëtt. Dëst Produkt ass fir Äre perséinlechen, interne Gebrauch an däerf net weiderverkaaft ginn. Et ass duerch Copyright geschützt an ënnerläit de Geschäftsbedéngungen, déi tëschent Iech, op der enger Säit, an der ENTREPRISE a senge Lizenzneemer (an deenen hir Lizenzneemer a Zouliwwerbetrieber) (zesummen "Lizenzneemer") op der anerer Säit ofgeschloss goufen.
Wann Dir d’Produkt benotzt, akzeptéiert Dir all Geschäftsbedéngungen am Endbenotzerofkommes ("EULA"). WANN DIR D’BEDÉNGUNGE VUN DËSER EULA NET AKZEPTÉIERT, MUSST DIR DIREKT DE BETRIB VUM PRODUKT ASTELLEN AN NET MÉI OP D'PRODUKT ZOUGRÄIFEN. Dir stëmmt zou, datt Är Rechter ënner dësem Eula automatesch ouni Ukënnegung kënne beendegt ginn, wann Dir iergendeng Bedéngung vun dësem Eula net anhaalt.
Geschäftsbedéngungen
Nëmme fir de perséinleche Gebrauch. Dir stëmmt zou, dëst Produkt zesumme mat der vun der ENTREPRISE autoriséierter Applikatioun ze benotzen an nëmme fir e perséinlechen, net kommerzielle Gebrauch, fir deen Dir lizenséiert sidd, an net als Déngschleetungsentpreprise oder fir zäitlech gedeelt Notzung oder ähnlech Zwecker. Deementspriechend, awer ënner den Beschränkungen, déi an den nächsten Paragrafen duergeluecht sinn, stëmmt Dir zou, d’Produkt net ze reproduzéieren, kopéieren, änneren, dekompiléieren, desassembléieren oder en ofgeleet Produkt ze schafen oder en Deel vun dësen Daten zeréckzeentwéckelen, an Dir däerft se onofhängeg vun der Form an dem Zweck net iwwermëttelen oder verbreeden, ausser am gesetzlech zoulässegen Ëmfang. Dir kënnt dëst EULA oder eent vun de Rechter oder Lizenzen ënner dësem EULA net iwwerdroen, ausser wa se am System installéiert sinn, fir dee se geschaf goufen.
Aschränkungen. Ausser Dir sidd vun der ENTREPRISE speziell lizenséiert, fir dat ze maachen, an ouni de viregte Paragraf anzeschränken, däerft Dir d’Produkt (i) net mat Produkter, Systemer oder installéiert Applikatiounen oder soss iergendwéi verbonnen oder a Kommunikatioun mat Autoen, déi Autonavigatioun, Positionéierung, Versand, Streckeféierung an Echtzäit, Flotteverwaltung oder änlech Applikatiounen ënnerstëtzen; oder (ii) mat oder a Kommunikatioun mat Positionéierungsapparater oder mobillen oder kabellos verbonnenen elektroneschen oder Computerapparater, inklusiv an ouni Aschränkung Handyen, Palmtop an Handheld-Computeren, Pageren a perséinlechen digitalen Assistenten oder Organizere benotzen.
D'KOPÉIEREN ODER BENOTZE VUM PRODUKT, AUSSER WANN DËST EULA DAT ERLAABT, ASS NET AUTORISÉIERT A STELLT ENG COPYRIGHTVERLETZUNG GEMÉISS DEM GESETZ VUN ÄREM LAND DUER. WANN DIR D’PRODUKT OUNI D’ERLABNES VUN DER ENTREPRISE KOPÉIEREN ODER BENOTZE WËLLT, AUSSER WANN DAT AM EULA ERLAABT ASS, VERSTOUSST DIR GÉINT D’GESETZ AN DIR SIDD VERANTWORTLECH FIR SCHUEDENERSATZ GÉINTIWWER DER ENTREPRISE ODER SENGE LIZENZNEEMER, AN DIR KËNNT STROFRECHTLECH VERFOLLEGT GINN.
D’PRODUKT KÉINT ENG ERZWÉNGUNGSTECHNOLOGIE ENTHALEN, FIR ZE VERMEIDEN (i) DATT ONERLAABT KOPIË VUM PRODUKT OP PHYSESCH SPÄICHERMEDIEN ODER PER IWWERDROUNG UM INTERNET ODER ANER ELEKTRONESCH KOMMUNIKATIOUN GEMAACH GINN AN/ODER (ii) DATT D'PRODUKT ILLEGAL BENOTZT GËTT, AUSSER MAT ENGEM SPEZIFESCH ERLAABTEN APPARAT. DIR STËMMT ZOU, DATT D'ENTREPRISE DËS MOOSSNAME ERGRÄIFE MUSS, FIR D'ENTREPRISE AN D’LIZENZNEEMER GÉINT COPYRIGHTVERLETZUNGEN ZE SCHÜTZEN.
Uploaden. D’Produkt ka Funktionalitéiten ubidden, duerch déi Dir gewëss Informatiounen iwwer Är Notzung vum Produkt op Servere vun der ENTREPRISE eropluede kënnt (zesummen "Uploaden") oder aner Servicer vun der ENTREPRISE (zesumme "Servicer") bereetgestallt kritt. Wann Dir esou Funktiounen notzt, dann erlaabt Dir der ENTREPRISE, Är Uploaden um Server ze späicheren. D'ENTREPRISE huet keng Verflichtung, fir Servicer unzebidden, kann d'Form an d'Natur vun alle Servicer jidderzäit mat oder ouni Ukënnegung un Iech änneren, iwwerhëlt keng Haftung iergendenger Aart fir Feeler vum Produkt oder der Servicer, fir e Feelschloe vun Ären Uploaden op oder vun ENTREPRISE-Serveren, ka jidderzäit ophale Servicer mat oder ouni Virukënnegung un Iech unzebidden, a se huet keng Verflichtung Är Uploaden (oder anert Material, dat Dir der ENTREPRISE bereetstelle kéint) op hirem Server ze späicheren oder Är Uploaden (oder anert Material, dat Dir der ENTREPRISE bereetstelle kéint) un Iech zeréckzeginn, éier si se vu hire Servere läscht.
Späicherplaz. D’Produkt ka Funktionalitéite bereetstellen, iwwer déi Dir Informatioune um Apparat, op deem Dir d’Produkt benotzt, späichere kënnt (ewéi zum Beispill Biller). D'ENTREPRISE iwwerhëlt keng Haftung iergendenger Aart Iech oder enger Drëttpartei géintiwwer fir Feeler vum Produkt, fir esou Informatiounen op esou engem Apparat ze späicheren.
Persounebezunn Informatiounen. Duerch d'Notzung vum Produkt stëmmt Dir der Sammlung, Späicherung a Veraarbechtung vun Äre persounebezunnenen Daten (inklusiv dem Standuert vun Ärem Mobilapparat) duerch d'ENTREPRISE an der Späicherung a Veraarbechtung vun esou persounebezunnenen Informatiounen op Computere baussent dem Land, an deem Dir wunnt, zou. Och wann d'ENTREPRISE Schrëtt ënnerholl huet, déi dozou déngen, Är persounebezunn Daten géint Offänken, Zougrëff, Notzung oder Verbreedung duerch net autoriséiert Persounen ze schützen, kann d'ENTREPRISE net ausschléissen, datt Sécherheetsrisikoe mat Äre persounebezunnenen Date verbonne sinn a se kann net garantéieren, datt hir Systemer net gehackt ginn. Kuckt [*] fir zousätzlech Informatiounen iwwer der ENTREPRISE hir Notzung vun persounebezunnenen Daten.
Warnhiweis. D’Produkt spigelt d'Realitéit erëm, wéi se existéiert huet, éier Dir d’Produkt krut an et enthält Daten an Informatiounen vun anere Regierungsquellen. Deementspriechend kann d’Produkt opgrond vun der vergaangener Zäit, verännerten Ëmstänn, benotzte Quellen an der Natur vum gesammelten ëmfaassende geografesche Produkt ongenee oder onvollstänneg Informatiounen enthalen, wat alles zu falsche Resultater féiere kann.
D’PRODUKT A SERVICER DÄERFEN NET FIR D'SÉCHERHEET VU LIEWENSAPPLIKATIOUNE GEBRAUCHT GINN, ODER FIR IERGENDENG ANER APPLIKATIOUN, AN DÄR D'GENAUEGKEET ODER ZOUVERLÄSSEGKEET VUM PRODUKT ODER VUN DE SERVICER ENG SITUATIOUN SCHAFE KÉINT, WOU ENG PERSOUN VERLETZT GINN ODER STIERWE KÉINT.
PROBÉIERT WÄREND DEM FUEREN NET, D’PRODUKT ZE KONFIGURÉIEREN ODER INFORMATIOUNEN ANZEGINN. D'FEELE VUN DER GANZER OPMIERKSAMKEET BEIM FÉIERE VUN ÄREM AUTO KANN ZU DOUT, SCHWÉIEREN ACCIDENTER ODER MATERIELLEM SCHUED FÉIEREN. ANDEEM DIR D’PRODUKT BENOTZT, IWWERHUELT DIR SÄMTLECH VERANTWORTUNG A RISIKOEN.
Haftungsausschloss. D’Produkt gëtt Iech "esou wéi et ass" bereetgestallt an Dir stëmmt zou, et op eegene Risiko ze benotzen. AUSSER WANN UWENNBAR GESETZER EPPES ANESCHT VIRSCHREIWEN, IWWERHUELEN D'ENTREPRISE AN HIR LIZENZNEEMER KENG GARANTIE, ZOUSÉCHERUNGEN ODER GEWIERLEESCHTUNGEN VUN EGAL IERGENDENGER AART, AUSDRÉCKLECH ODER IMPLIZIT, AM GESETZ ODER ANESCHT VIRGESCHRIWWEN IWWER, AWER NET BESCHRÄNKT OP, Inhalt, QUALITÉIT, Genauegkeet, Vollstännegkeet, Wierksamkeet, Zouverlässegkeet, LEESCHTUNG, MAARTGÄNGEGKEET, EEGNUNG FIR E BESTËMMTEN ZWECK, NET-VERLETZUNG, Nëtzlechkeet, Benotzung oder ze erwaardend Resultater vun dësem Produkt, oder datt d’Produkt oder de Server onënnerbrach oder feelerfräi funktionéiert, ODER DATT FEELER AM PRODUKT ODER NET-KONFORMITÉIT MAT SENGER DOKUMENTATIOUN VERBESSERT GI KËNNEN ODER GINN. DIR SIDD AVERSTANEN, DATT D’BESTËMMUNGE VUN DËSER SEKTIOUN ENG MATERIELL MOTIVATIOUN AN IWWERLEEUNG FIR GESELLSCHAFT AN D’LIZENZNEEMER SINN, FIR DÉI AN DËSER EULA ENTHALE LIZENZ ZE VERLÉINEN AN IECH ZOUGANG ZU DE SERVICER ZE BIDDEN.
Haftungsbeschränkung: ESOU WÄIT EWÉI DAT ËNNERT DEM UWENDBARE GESETZ MÉIGLECH ASS, SINN D'ENTREPRISE A SENG LIZENZNEEMER IECH GÉINTIWWER NET HAFTBAR: FIR ALL FUERDERUNG, USPROCH ODER HANDLUNG, ONOFHÄNGEG VUN DER NATUR VUN DER URSAACH VUN DER FUERDERUNG, DEM USPROCH ODER DER HANDLUNG, DÉI E VERLOSCHT, ENG VERLETZUNG ODER E SCHUED, DIREKT ODER INDIREKT, FIR IECH ODER ENG DRËTTPARTEI, DÉI A VERBINDUNG MAT DER BENOTZUNG ODER DEM BESËTZ VUM PRODUKT STEET ODER E RESULTAT DOVUN ASS, ODER FIR ALL VERLOSCHT VUN DATEN, ËMSAZ, AKOMMES, KONTRAKTER ODER ERSPUERNESSER, ODER ANER DIREKT, INDIREKT, ZOUFÄLLEG, SPEZIELL ODER FOLLEGSCHIED, DÉI AUS ÄRER BENOTZUNG ODER DER ONFÄEGKEET FIR D’BENOTZUNG VUM PRODUKT, ENGEM DEFEKT UM PRODUKT, ODER D'VERLETZUNG VUN DËSE GESCHÄFTSBEDÉNGUNGEN, ONOFHÄNGEG DOVUN OP SE OP ENGER AKTIOUN AM KONTRAKT ODER ONERLAABTER HANDLUNG ODER OP ENGER GEWIERKLEESCHTUNG BASÉIEREN, ENTSTINN, OCH WANN D'ENTREPRISE ODER D'LIZENZNEEMER VUN DER MÉIGLECHKEET VUN ESOU SCHIED A KENNTNIS GESAT GOUFEN, ONGEUECHT VUN ENGER NETERFËLLUNG VUN ENGEM HEIRA BEREETGESTALLTE BESCHRÄNKTE RECHSTMËTTEL.
Ausschlëss. E puer Jurisdiktiounen erlabe gewëss Gewierleeschtungsausschlëss oder d'Haftungsbeschränkung oder den Haftungsausschloss net, esou datt déi uewe genannt Beschränkung eventuell net fir Iech gëllt. Wann d'ENTREPRISE, opgrond vun uwendbarem Recht, eng implizéiert Gewierleeschtung net ausschléissen oder seng Haftung net beschränken däerf, ass den Ëmfang an d'Dauer vun esou enger Gewierleeschtung an den Ausmooss vun der Haftung vun der ENTREPRISE de Minimum, dee vun esou engem uwendbare Gesetz erlaabt ass. Dësen Haftungsausschloss an der Beschränkung vun der Responsabilitéit, déi an dësem EULA beschriwwe sinn, beaflossen net Är gesetzlech Rechter oder stinn hinnen entgéint, wann Dir d’Produkt anescht ewéi am Laf vun enger Geschäftstransaktioun kaaft hutt.
Drëttpartei-Copyrighterklärung. Déi vun enger Drëttpartei bereetgestallt Date sinn an d’Produkt integréiert oder en Deel dovun a ginn un Iech ënnerlizenséiert, geméiss de Geschäftsbedéngunge vun dësem EULA. An dëser Hisiicht däerft Dir keng Erklärungen iwwer geeschtegen Eegentum ewechhuelen oder veränneren, déi am Zesummenhang mat vun de Lizenznemmer bereetgestallten Daten ungehaangen oder benotzt ginn.
Vollstännegt Ofkommes. Dës EULA ass dat vollstännegt Ofkommes tëschent der ENTREPRISE (an de Lizenzneemer) an Iech, am Zesummenhang mam Géigestand vun dësem Ofkommes, an ersetzt an hirer Gesamtheet all viregt schrëftlech oder mëndlech Kommunikatiounen oder Dokumenter (inklusiv, wann Dir eng Aktualiséierung kritt, all Ofkommes, dat an enger fréierer Versioun vum Produkt enthale kéint sinn), a Bezuch op esou ee Géigestand.
Uwendbaart Gesetz. Dëst EULA ënnerläit de Gesetzer vun der Rechtsspriechung, an där Dir zum Datum vum Produktkaf wunnt. Wann Dir zu deem Zäitpunkt baussent der Europäescher Unioun oder der Schwäiz wunnt, gëllen d'Gesetzer an d'Rechtsspriechung bannent der Europäescher Unioun oder der Schwäiz, wou Dir d'Produkt kaaft hutt. An all anere Fäll, oder wann d'Rechtsspriechung, wou Dir de Produkt kaaft hutt, net definéiert ka ginn, gëllen d'Gesetzer vun der Republik Korea. Dëst EULA ënnerläit net der UN-Konventioun iwwer Verträg fir den internationale Wuereverkaf. D'Geriichter, déi fir Äre Wunnsëtz zum Zäitpunkt, wou Dir d’Produkt kaaft hutt, zoustänneg sinn, hunn d'Rechtsspriechung iwwer all Streidegkeet, déi aus oder am Zesummenhang vun dësem EULA entsteet, ouni onbeschuet dem Recht vun der ENTREPRISE Iech op Ärem aktuelle Wunnsëtz ze verkloen.
Exportkontroll. Dir stëmmt zou, keen Deel vum Produkt an iergendenger Form vun iergendwou ze exportéieren oder erëm ze exportéieren, ausser am Aklang mat uwendbaren Exportgesetzer, Reegelen a Virschrëften, inklusiv awer net limitéiert op d'Gesetzer, Reegelen a Virschrëften, déi vum Office of Foreign Assets Control vum US-Handelsminstère an dem Bureau of Industry and Security vum US-Handelsministère ugewant ginn.
Verschiddenes. Wann iergendeng Bestëmmung vun dëser EULA als ongülteg oder net duerchsetzbar befonnt gëtt, da gëtt se am erlaabte Mooss duerchgesat an de Rescht vun dëser EULA bleift onageschränkt gülteg a wierksam. Eng Netverfollegung duerch d'ENTREPRISE vun alle Rechter am Zesummenhang mat engem Feelverhalen ënner dësem Ofkommes stellt kee Verzicht duerch d'ENTREPRISE op d’Recht fir Rechter am Zesummenhang mat deemselwechten oder engem anere Verstouss duer. E Remboursement oder Ersatz fir e beschiedegt Produkt ass onzoulässeg.
US-Regierungs-Endbenotzer. Wann d'Produkt vun oder am Numm vun der US-Regierung oder enger anerer Identitéit, déi versicht änlech ewéi déi vun der US-Regierung gefuerdert Rechter unzewennen oder ze kréien, kaaft gëtt, sinn dëst Produkt an déi entspriechend Dokumentation "kommerziell Elementer" ewéi an 48 C.F.R. ("FAR") 2.101. definéiert. Dëst Produkt an déi entspriechend Dokumentatioun gi fir US-Regierungs-Endbenotzer (a) nëmmen als "kommerziell Elementer" lizenséiert an (b) nëmme mat deene Rechter, wéi se fir all aner Endbenotzer geméiss dësem EULA iwwerdroe ginn, a jiddwer vum Produkt geliwwert oder anescht bereetgestallt Kopie gëtt entspriechend mam follgenden "Notzungshiweis" agebett a muss geméiss deem Hiweis behandelt ginn:
Notzungshiweis
Numm vun der Subentreprise (Produzent/Ubidder): HYUNDAI MNSOFT, INC.
Dëst Produkt an déi entspriechend Dokumentatioun si Geschäftselementer ewéi a FAR 2.101 definéiert an ënnerleien dësem EULA, ënner deem dëst Produkt bereetgestallt gëtt.
© 20XX HYUNDAI MNSOFT. All Rechter virbehalen.
Wann d'Vergabstell, d'Bundesregierungsagentur oder e Bundesbeamten offiziell refuséiert den Text heidran ze benotzen, muss d'Vergabstell, d'Bundesregierungsagentur oder e Bundesbeamten d’ENTREPRISE informéieren, éier se zousätzlech oder alternativ Rechter am Produkt ustriewen.
Vun HERE erfuerderlech Endbenotzerbedéngungen. Dëst Produkt notzt Kaartendaten, déi d'ENTREPRISE vun HERE lizenséiert an déi follgend Copyright-Hiweiser gëlle fir déi Kaartendaten (kuckt "HERE-Daten"): © 20XX HERE. All Rechter virbehalen.
D’HERE-Date fir Gebidder vu Kanada ëmfaassen Informatiounen, déi mat der Erlabnes vun de Kanadeschen Autoritéite gesammelt goufen, inklusiv: © Her Majesty the Queen in Right of Canada, © Queen’s Printer for Ontario, © Canada Post Corporation, GeoBase.®, © Department of Natural Resources Canada. All Rechter virbehalen.
HERE huet eng net-exklusiv Lizenz vun United States Postal Service®, fir Informatiounen iwwer ZIP+4® ze verëffentlechen an ze verkafen.
©United States Postal Service® 20XX. D’Präisser ginn net vu United States Postal Service® festgeluecht, kontrolléiert oder geneemegt. Déi follgend Handelsmarken an Umeldunge gehéieren USPS: United States Postal Service, USPS a ZIP+4.
La Banca Dati Italiana è stata prodotta usando quale riferimento anche cartografia numerica ed al tratto prodotta e fornita dalla Regione Toscana.
Copyright © 20XX; Norwegian Mapping Authority
Quell: IgeoE – PortugSpain
Información geográfica propiedad del CNIG
D’HERE Date fir Schwede baséieren op elektroneschen Date vun © National Land Survey Sweden
Topografische Grundlage: © Bundesamt für Landestopographie
D'Here-Date fir d'Vereenegt Kinnekräich enthalen Informatioune vum ëffentleche Secteur, déi ënner der Open Government Licence v1.0 (kuckt http://www.nationalarchives.gov.uk/doc/open-government-licence/ fir d'Lizenzen) enthalen a goufe vun Date vum Office for National Statistics ugepasst, déi ënner Open Government Licence v.1.0 lizenséiert sinn.
© Survey of Israel data source
© Royal Jordanian Geographic Centre. Déi virdru genannt Erklärungsufuerderung fir Jordan Data ass eng wiesentlech Bestëmmung vum Ofkommes. Wann de Client oder seng zougelooss Ënnerlizenzneemer (falls existent) déi Ufuerderungen net erfëlle kënnen, ass HERE berechtegt d'Clientslizenz am Zesummenhang mat Jordan Data ze kënnegen.
Bestëmmt Date fir Mosambik gi vun Cenacarta © 20XX vun Cenacarta bereetgestallt
Quell: © IGN 20XX BD TOPO ®
D'HERE-Date fir Israel ëmfaasse bestëmmt Date vu Survey of Israel (“SOI”)
"Kräizungsusiichtdate gi bereetgestallt vun ZENRIN CO., LTD, Copyright© 20XX[Year], All Rechter virbehalen."
("Den Austria Location Code gouf vun der ASFINAG bereetgestallt")
Copyright fir Markesymbol
D'Marke vun Entreprisen, déi vun dësem Produkt ugewise ginn, fir Geschäftsstanduerder unzeweisen, sinn d'Markenzeeche vun hiren entspriechende Besëtzer. D'Notzung vun esou Markenzeechen an dësem Produkt implizéiere weeder Sponsoring, Geneemegung oder Ënnerstëtzung vun deenen Entreprisë fir dëst Produkt.
Copyright fir Junction View
Junction-View-Date bereetgestallt vun ZENRIN USA, INC. Copyright(C) 20XX, All Rechter virbehalen.
Iwwer Kaartaktualiséierungen
Dir kënnt Äre HYUNDAI-Händler kontaktéieren.
Informatiounen
Dëst Produkt muss reegelméisseg fir nei Funktiounen a Kaarten aktualiséiert ginn. Jee no Dategréisst kann d'Aktualiséierung bis zu 1 Stonn daueren.
Wann Dir wärend dem Aktualiséierungsprozess de Stroum ofschalt oder den USB erauszitt, kann dat zu Systemschied féieren. Suergt dofir, datt d'Zündung aktivéiert bleift a waart bis d'Aktualiséierung ofgeschloss ass.
OPGEPASST
- D'Benotze vun engem net zertifizéierten USB kann zu Systemschied opgrond vun hëtztbezunner Verformung féieren.
- Produktfeelfunktiounen, déi duerch d'Benotzung vun enger net zertifizéierter Kaart verursaacht ginn, ginn net vun der Produktgarantie gedeckt.
- Den USB an engem kuerzen Zäitraum ze verbannen an ze trennen, kann den Apparat beschiedegen.