Phone projection
Wat ass Android Auto/Apple CarPlay?
Wärend der Faart sécher op Äre Smartphone zougräifen. Verschidde Funktioune vun Ärem Smartphone kënnen um Bildschierm vum Medienapparat ugewisen an doriwwer bedéngt ginn (z. B. Navigatioun, uruffen, Musek lauschteren asw.).
Wa verbonnen, erschéngt um Bildschierm en Android-Auto-/Apple-CarPlay-Symbol. Verfügbar Funktiounen an Operatioune kënne jee no Entreprisemodell ofwäichen.
Fir weider Informatioune besicht de Google- oder Apple-Website.
-
Android Auto ass eng registréiert Mark vun Google Inc.
-
Apple CarPlay ass eng registréiert Mark vun Apple Inc.
-
Android Auto an Apple CarPlay sinn net verfügbar, wann den Telefonsbetriibssystem net déi lescht Versioun ass, oder wann den Telefon opgrond vun engem Eroffueren, deen duerch e Feeler oder defekt am Apparat selwer entstanen ass, net erkannt gëtt.
-
Ären Telefon gëtt méiglecherweis net erkannt, wann den Akkustand niddereg ass. Luet Ären Telefon op a probéiert et dann erneit.
-
Wann Ären Telefon wéinst engem Defekt um Apparat selwer eroffiert, setzt Ären Telefon zeréck a probéiert et erneit.
-
Wann den USB-Kabel vum Android-Auto-/Apple-CarPlay-Apparat widderholl getrennt an a kuerzer Zäit nees verbonnen gëtt, kann den Telefon Feelfunktiounen opweisen. Dat kann och zu engem Apparatfeeler féieren.
-
D’Apparaterkennungszäit ka jee no Apparattyp a Firmware-/Betribssystem-Versioun ofwäichen.
-
Et gëtt empfuelen, den USB-Kabel ze benotzen, dee mam Telefon geliwwert gouf. (En net-originaalt Produkt ka Geräischer oder Feelfunktiounen verursaachen.)
-
Den normale Betrib kann net garantéiert ginn, wann den Telefon willkürlech manipuléiert gëtt, wärend Android Auto/Apple CarPlay aktiv ass.
-
Android Auto/Apple CarPlay kënnen opgrond vun Handyproblemer eventuell net normal funktionéieren.
-
Bedreiwerkäschte kënne bei der Notzung vun Android Auto oder Apple CarPlay ufalen.
-
E puer Funktioune funktionéieren eventuell jee no der iOS- an Android-Versioun net normal.
-
Déi follgend Problemer kënnen duerch telefonsbezu Problemer optrieden:
Android Auto-
Zäitweileg schwaarz Bildschiermer trieden op, wann op Android Auto gewiesselt gëtt.
-
D’Differenzéierung vun Telefonen, déi Android Auto ënnerstëtzen, an deenen, déi dat net ënnerstëtzen, ass eventuell net méiglech.
-
Schwaarz Bildschiermer trieden opgrond vun App-Feeler a verschiddene Beräicher vum Bildschierm op.
Apple CarPlay-
Zäitweileg schwaarz Bildschiermer trieden op, wann op Apple CarPlay gewiesselt gëtt.
-
Schwaarz Bildschiermer trieden opgrond vun App-Feeler a verschiddene Beräicher vum Bildschierm op, wann tëschent Bildschiermer an Apple CarPlay navigéiert gëtt.
-
Den Toun vun engem Uruff ka beim Trenne vun Apple CarPlay wärend engem Uruff iwwer Apple CarPlay ofgebrach ginn.
-
Wann Déngschter opgrond vun änleche Problemer, ewéi uewen uginn, net uerdnungsgeméiss funktionéieren, iwwerpréift Ären Telefon, a wann néideg, verbannt Ären Telefon nom Neistart erneit.
-
Android Auto oder Apple CarPlay benotzen
-
Stellt sécher, datt nëmmen original USB-Kabele benotzt ginn, déi vum Produzent vum Handy matgeliwwert goufen.
-
Wiesselt vum Startbildschierm aus op Android Auto oder Apple CarPlay
-
Elo sinn d’Funktioune wéi Navigatioun, Musek an Telefon asazbereet.
-
Éier Dir Ären Handy verbannt, iwwerpréift ob Android Auto oder Apple CarPlay am Phone projection-Menü aktivéiert ass.
-
Nodeem Dir den Handy verbonnen hutt, muss den Telefon fräigeschalt ginn an d’„Haftungsausschlëss“ mussen akzeptéiert ginn, fir Android Auto oder Apple CarPlay ze starten.
-
D’Bildschiermer an d’Funktiounen um Infotainment-System entspriechen de Bildschiermer a Funktiounen, déi vu Google oder Apple bereetgestallt ginn. Se kënnen enspriechned der Produktpolitik vun der entspriechender Entreprise geännert ginn.
-
Bluetooth-Mediefunktioune ginn desaktivéiert, wann Android Auto aktivéiert ass. Nom Trenne vum USB-Kabel sinn dës Funktiounen nees verfügbar.
-
Wann Android Auto och no enger erfollegräicher Verbindung net aktivéiert ass, befollegt dës Schrëtt:
-
Iwwerpréift, ob e Feeler um Telefon opgetrueden ass.
-
Iwwerpréift, ob Android Auto um Telefon zougemaach gouf.
-
Iwwerpréift, ob Android Auto am Phone projection-Menü aktivéiert ass.
-
-
Wann Android Auto trotz enger Neiverbindung net normal funktionéiert, besicht de Website vu Google http://support.google.com/androidauto.
-
Kuckt wgl. um follgende Website no, fir déi verfügbar Länner fir Android Auto ze iwwerpréiwen. https://www.android.com/auto/.
-
Bluetoothtelefon/Mediefunktioune ginn desaktivéiert, wann Apple CarPlay aktivéiert ass. Nom Trenne vum USB-Kabel sinn dës Funktiounen nees verfügbar.
-
Wann Apple CarPlay och no enger erfollegräicher Verbindung net aktivéiert ass, befollegt dës Schrëtt:
-
Iwwerpréift, ob Apple CarPlay an den Applikatiounastellunge vun iPhone desaktivéiert ass.
-
Iwwerpréift, ob Apple CarPlay am Phone projection-Menü aktivéiert ass.
-
-
Wann Apple CarPlay trotz enger Neiverbindung net normal funktionéiert, besicht de Website vun Apple http://www.apple.com/ios/carplay/
-
Kuckt wgl. um follgende Website no, fir déi verfügbar Länner fir Apple CarPlay ze iwwerpréiwen: http://www.apple.com/ios/feature-availability/